Log in

goodpods headphones icon

To access all our features

Open the Goodpods app
Close icon
headphones
Mäin Element

Mäin Element

FNR | Lëtzebuerger Journal

E Podcast vum Fonds National de la Recherche an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal. De Max Kasel trëfft sech reegelméisseg mat Fuerscher*innen zu Lëtzebuerg a schwätzt mat hinnen iwwert hiert Liewen an hier Passioun fir d'Wëssenschaft. "Mäin Element" weist de Mënsch hannert der Fuerschung.
profile image

1 Listener

bookmark
Share icon

All episodes

Best episodes

Top 10 Mäin Element Episodes

Goodpods has curated a list of the 10 best Mäin Element episodes, ranked by the number of listens and likes each episode have garnered from our listeners. If you are listening to Mäin Element for the first time, there's no better place to start than with one of these standout episodes. If you are a fan of the show, vote for your favorite Mäin Element episode by adding your comments to the episode page.

Mäin Element - Mäin Element - Anne Grünewald
play

04/21/21 • 30 min

D'Professer Anne Grünewald an hiert Team fuersche mat Hëllef vu Mytochondrien un der Parkinson-Erkrankung. De Wee an d'Fuerschung huet scho fréi ugefaangen – an der Schoul, duerch déi richteg Proff an der Bio. An dësem Episod geet et ëm e Liewen am Déngscht vun der Wëssenschaft: Vu glécklechen Zoufäll zu Stockholm iwwer mësslonge Virstellungsgespréicher, nei Erkenntnisser an England bis hin zur Ënnerstëtzung aus Hollywood.

Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen? https://www.fnr.lu/ https://www.fnr.lu/research-with-impact-fnr-highlight/fnr-attract-fellows-anne-grunewald/

Du interesséiers dech fir d'Anne Grünewald a seng Studien? https://wwwde.uni.lu/lcsb/people/anne_gruenewald

Du wëlls nach méi spannend Geschichte vum Lëtzebuerger Journal lauschteren, liesen oder kucken? https://journal.lu/de

Audioquellen: https://www.youtube.com/watch?v=fkOkeY0l3Cw https://www.youtube.com/watch?v=PEDVKpbi48s

profile image

1 Listener

bookmark
plus icon
share episode
Mäin Element - Mäin Element - Emmanuel Defay
play

05/23/24 • 29 min

Wéi grouss ass eigentlech "Nano"? Wéi gesäit de Frigo vun der Zukunft aus? A firwat spillt een an enger Band ausgerechent „Bass“?

De Max hat dës Kéier erëm eng Rëtsch Froen u säin Invité, den Emmanuel Defay. Vum Lektiounen aus den Zivildéngscht bis hin zu de franséische Red Hot Chili Peppers geet et an dëser Episode hin an hier!

Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu

profile image

1 Listener

bookmark
plus icon
share episode
Mäin Element - Mäin Element - Guy Fagherazzi
play

06/19/22 • 29 min

An dësem Episod vun „Mäin Element“ léiert de Max de geléierten Epidemiolog a Statistiker Guy Fagherazzi kennen. Hie wëll déi nei digital Technologien am sougenannten „Deep Digital Phenotyping“ notzen, fir de Patienten d'Liewen ze vereinfachen. Hien erkläert ë.a. wéi et ass, als relativ jonke Fuerscher eng ganz Equipe am Luxembourg Institute of Health ze leeden a wéi d'Pandemie seng Pläng op d'Kopp geheit huet. Mir ginn ausserdeem gewuer, wat een aus der Stëmm vun engem Mënsch alles erausliese kann, wéi eng Gemeinsamkeeten et tëscht der Recherche an dem Sport gëtt, a wéi en NBA-Star hien a senger Jugend faszinéiert huet.⁣⁣ ⁣ Du wëlls méi iwwert de Guy Fagherazzi a seng Fuerschung wëssen?⁣ https://www.lih.lu/en/research-scope/research-department/department-of-precision-health/deep-digital-phenotyping-research-unit/⁣ ⁣ Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣ https://www.fnr.lu ⁣⁣ ⁣ Du wëlls nach méi spannend Geschichte vum Lëtzebuerger Journal lauschteren, liesen oder kucken?⁣ https://journal.lu/de ⁣ ⁣ Audioquellen⁣⁣ 100komma7 Panorama, 01.03.2020: https://100komma7.lu/program/episode/290090/202003011200-202003011208⁣⁣ ⁣ Pressebriefing nom Regierungsrot, 18.03.2020: https://www.youtube.com/watch?v=ARPuyRyDCbw⁣⁣ ⁣ „Space Jam - The tune squad introduction“ vum Alon Bezinian: https://www.youtube.com/watch?v=oJbOLMvKk1E

bookmark
plus icon
share episode
Mäin Element - Mäin Element - Habiba Abubaker
play

12/31/21 • 30 min

An dësem Episod vun „Mäin Element“ begréisst de Max d'Habiba Abubaker aus dem Max Planck Institute Luxembourg. Zesumme schwätze si iwwert dem Habiba seng Wuerzelen am Sudan, iwwert déi verschidde Militärputschen, déi de Sudan an de leschte Joren huet missen erliewen a wéi wäit déi Situatioun säi Liewen a seng Etüde beaflosst hunn. D‘Juristin erziehlt dem Max vu senge Fuerschungen iwwert d‘Aufgaben vun der Afrikanescher Unioun an erkläert, firwat d‘islamescht Gesetz net onbedéngt dat ass, wat mir vun der Tëlee kennen. Dernieft gi mer gewuer, wat Condoleezza Rice mat senger juristescher Karriär ze dinn huet a wéi ee Comedian fir hat de GOAT ass.

Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen? https://www.fnr.lu/research-impact-fnr-highlights/

Du wëlls nach méi spannend Geschichte vum Lëtzebuerger Journal lauschteren, liesen oder kucken? https://journal.lu/de

Audioquellen ARD Tagesschau: https://www.tagesschau.de/thema/sudan/ DW News: https://www.youtube.com/watch?v=mMLTE90J2AA CNN: https://www.youtube.com/watch?v=isN5YAzvVGs

bookmark
plus icon
share episode
Mäin Element - Mäin Element - Paul Wilmes
play

07/23/21 • 33 min

Zënter der Corona-Pandemie ass de Paul Wilmes ee vun de bekannteste Wëssenschaftler zu Lëtzebuerg. An dësem Episod hëlt hien eis mat op eng Rees, déi vun der Kläranlag bis an d'McMurdo Station (Antarktis) geet. De Paul erzielt eis, wéi ee mat Hëllef vu Mikroben am Daarm eppes iwwert Laangzäit-Erkrankungen erausfanne kann, firwat et der Politik hëllefe kéint, wa méi Fuerscher*innen an der Chamber wieren a wéi seng éischt Quarantän-Erfarung an der Antarktis ofgelaf ass.

Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen? https://www.fnr.lu/ https://www.fnr.lu/research-with-impact-fnr-highlight/fnr-attract-fellows-wilmes/

Du wëlls nach méi spannend Geschichte vum Lëtzebuerger Journal lauschteren, liesen oder kucken? https://journal.lu/de

Audioquellen 100,7: https://www.100komma7.lu/podcast/340269 https://www.100komma7.lu/audio/122220 https://www.100komma7.lu/podcast/326008

RTL: https://www.rtl.lu/radio/thema-vum-dag/s/3446370.html https://www.rtl.lu/tele/kloertext/a/1686952.html

bookmark
plus icon
share episode
Mäin Element - Mäin Element - Hugo Parlier
play

04/15/22 • 34 min

Wéi hätt Dir reagéiert, wann een Iech an der Schoul gesot hätt: Mathé mécht Spaass? Vill vun Iech warscheinlech mat groussen Aen an engem Kapprëselen. Eisen Invité Hugo Parlier huet et sech zur Aufgab gemaach, aus komplexer Mathematik spilleresch Aufgaben ze maachen. Egal ob als analoge Puzzle oder als App. Dat huet esou gutt geklappt, dass dës Spiller hien esouguer bis op Dubai op d'Weltausstellung bruecht hunn. Am Gespréich mam Max erzielt hie vu sengen Erfarungen zu Dubai, sengem Virbild Maryam Mirzakhani, a kläert fir sech, wien de beschten Tennisspiller vun allen Zäiten ass.

Du wëlls méi iwwert den Hugo Parlier wëssen? https://www.fnr.lu/research-impact-fnr-highlights/hugo-parlier

Du wëlls nach méi spannend Geschichte vum Lëtzebuerger Journal lauschteren, liesen oder kucken? https://journal.lu/de

bookmark
plus icon
share episode
Mäin Element - Mäin Element - Raphaël Kies
play

08/10/22 • 30 min

Dës Kéier sprange mir an den Themen hin an hier: Et geet ëm Politik, Medien, Citatioune vu Politiker an d'italienesch Moud. De Max begréisst de Raphaël Kies. De Fuerscher seet vu sech selwer, dass hien a villen Disziplinnen ënnerwee ass. Hie vergläicht ënnert anerem international Medielandschaften a beschäftegt sech zum groussen Deel mam Thema "E-Democracy". Mä wat ass dat iwwerhaapt? Wiele mir an Zukunft bei de Chamberwale just nach per Emoji, oder stécht do eppes ganz anescht derhannert?

Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣ https://www.fnr.lu ⁣⁣

Audioquellen: ZDF Logo: https://www.zdf.de/kinder/logo

bookmark
plus icon
share episode
Mäin Element - Mäin Element - Phillip Dale
play

12/10/21 • 29 min

Ass et méiglech, dass Lëtzebuerg 100% klimaneutral gëtt? Déi Fro huet de Phillip Dale scho ville Leit gestallt. De Phillip ass nämlech net nëmme Fuerscher am Beräich Photovoltaik, Lithographie an Elektrochimie, mee och Speaker an Host bei Tedx Luxembourg. Aktuell fuerscht hien u Photovoltaik-Anlagen, déi d'Gebaier an de Stied méi flott an zousätzlech méi nohalteg sollte maachen. Wéi en dat ëmsetzt a wat Konscht domat ze dinn huet, erkläert de Phillip an dësem Episod. Donieft erzielt de gebiertegen Englänner, wéi hien de Brexit als Expat zu Lëtzebuerg erlieft huet, wéi eng lëtzebuergesch Gewunnechten hie wëll evitéieren a firwat hien ee YouTube-Channel bedreift.⁣ ⁣ Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen⁣ https://www.fnr.lu/⁣ ⁣ Du wëlls méi iwwert de Phillip Dale a seng Fuerschunge wëssen?⁣ https://www.fnr.lu/research-with-impact-fnr-highlight/fnr-attract-fellows-people-behind-science-phillip-dale/⁣ ⁣ Du wëlls nach méi spannend Geschichte vum Lëtzebuerger Journal lauschteren, liesen oder kucken?⁣ https://journal.lu/de⁣ ⁣ Audioquellen⁣ Energy 4 life: https://e4l.uni.lu/⁣ TEDx Talks: https://www.youtube.com/watch?app=desktop&v=JGsKzHwhIi8

bookmark
plus icon
share episode
Mäin Element - Mäin Element - Laurent Pfister
play

06/28/21 • 30 min

An dësem Episod dréint sech alles ronderëm d'Waasser. De Laurent Pfister ass Hydrolog an erkläert ënnert anerem, wéi eng Waasserkatastroph dozou gefouert huet, datt hie sech géint d'Liewen als Proff am Secondaire decidéiert huet a wéi ee mat der Hëllef vun Atombommen den Alter vum Waasser bestëmme kann. Hien an de Max schwätzen iwwert den Impakt vum Greta Thunberg an dem Donald Trump op d'Fuerschung, doriwwer wéi de Laurent mat sengem Team am Süde vum Land Waasser aus der Äiszäit entdeckt huet, firwat Lëtzebuerg de perfekte Labo fir d'Hydrologie ass a ginn der Fro no wéi de Wäin als eng Zort Archiv agéire kann.

Du wëlls méi iwwert den FNR wëssen? https://www.fnr.lu/ https://www.fnr.lu/research-with-impact-fnr-highlight/research-trends-pfister/

Du wëlls nach méi spannend Geschichte vum Lëtzebuerger Journal lauschteren, liesen oder kucken? https://journal.lu/de

Audioquellen 100,7: https://www.100komma7.lu/program/episode/128785/201607242200-201607242215 https://www.100komma7.lu/program/episode/128902/201607280730-201607280750

RTL.lu: https://www.rtl.lu/news/national/a/936591.html?fbclid=IwAR3KwIz57RpRJLXo22Lx2mdd_FzqWtOmrPS2o4wrXcKalBDFHGIIeE3jWmc

The Guardian: https://www.youtube.com/watch?v=TMrtLsQbaok

HBO: https://www.youtube.com/watch?v=UZq2L_49PBQ

bookmark
plus icon
share episode
Mäin Element - Mäin Element - Maria Rita Palattella
play

07/28/23 • 29 min

Wat ass eigentlech den Ënnerscheed tëschent dem "Internet of things" an dem "Internet of... people"? An dësem Episod erzielt d'Maria Rita Palattella dem Max, wéi hat mat senger Fuerschung d'Landwirtschaft prett fir d'Zukunft mécht. Dat mécht et awer net mat neie Mädrescher oder Trakteren, mee mat dem Internet of Things a Sensorik. Esou fënnt hatt ganz genee eraus, wéi een d'Aarbecht op de Felder optiméiere kann, fir de Maximum u Resultat eraushuelen ze kënnen. D'Maria Rita kläert eis op, ob dat alt Spréchwuert: "Wat de Bauer net kennt" nach aktuell ass, oder ob déi lëtzebuergesch Landwirtschaft schonn esou wäit ass, fir sech mat Zukunftstechnik auserneen ze setzen.

Mee net nëmmen dat: Hatt gëtt eis een Abléck a seng Kichen a gëtt eis Tipps, wat een am beschte fir een éischt Date kacht.

Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu⁣

bookmark
plus icon
share episode

Show more best episodes

Toggle view more icon

FAQ

How many episodes does Mäin Element have?

Mäin Element currently has 25 episodes available.

What topics does Mäin Element cover?

The podcast is about Interview, Podcasts, Education, Science and Journal.

What is the most popular episode on Mäin Element?

The episode title 'Mäin Element - Anne Grünewald' is the most popular.

What is the average episode length on Mäin Element?

The average episode length on Mäin Element is 31 minutes.

How often are episodes of Mäin Element released?

Episodes of Mäin Element are typically released every 50 days, 8 hours.

When was the first episode of Mäin Element?

The first episode of Mäin Element was released on Apr 21, 2021.

Show more FAQ

Toggle view more icon

Comments