Log in

goodpods headphones icon

To access all our features

Open the Goodpods app
Close icon
35M Elevator Pitch - TOMMY SCHLESSER – E Liewe fir d'Schauspillerei

TOMMY SCHLESSER – E Liewe fir d'Schauspillerei

12/02/23 • 65 min

35M Elevator Pitch

Et ginn net all ze vill Leit zu Lëtzebuerg déi nach näischt vum Tommy Schlesser héieren hunn. Zënter sengem Debut als professionelle Schauspiller an der Sitcom "Comeback" (2012) huet säi Wee hien an international Produktioune queesch duerch d'Welt gefouert.
Mee wéi huet alles beim Tommy ugefaang? Als Kand huet hie schonn mat sengem Brudder (eisen Host, Émile V. Schlesser) éischt Filmer gemaach. Déi si schliisslech ëmmer méi grouss an éiergäizeg ginn, bis de Wonsch säi Liewen dëser Passioun ze widmen, net méi ze ennerdrécke war.
Den Tommy erzielt eis wéi schwéier et heiansdo ass als Schauspiller d'Familljeliewen an de Beruff ënnert een Hutt ze bréngen; wéi hie virun engem Dréi zum "Rodeo-Stéier" gëtt; a wat mengt den Tommy eigentlech, wann hie seet hie wier "am Tunnel"?

Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

plus icon
bookmark

Previous Episode

undefined - TIMO WAGNER – De Kierper als wichtegst Instrument

TIMO WAGNER – De Kierper als wichtegst Instrument

(SPOILER!)
Ugefaangen huet alles mam Sport. De Schauspiller Timo Wagner hat eigentlech schonn de Wee vum Leeschtungssport ageschloe, wéi et hien et op d'Bün a virun d'Kamera gezunn huet. Wéi sech rausstellt hunn déi zwou Welten awer vill méi gemeinsam wéi ee mengt.
Zur Zäit ass den Timo um groussen Ecran am spektakuläre "Läif a Séil" ze bewonneren. Eng mysteriéis Roll, déi hie bis an de klengsten Detail virbereet huet. Wéi enge kierperleche Strapazen huet hie sech fräiwëlleg ausgesat fir dës Roll? A wat ass en absolutten No-Go an der Kommunikatioun mam Regisseur?
Dat, a villes méi, verréit eis den Timo Wagner an dësem intime Gespréich.

Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

Next Episode

undefined - FÉLIX KOCH – E Superheld am Regie féieren

FÉLIX KOCH – E Superheld am Regie féieren

De Félix Koch ass deene meeschte Lëtzebuerger als d'Regietalent hannert dem Succès vum "Superjhemp Retörns" bekannt. Säi Kachkéis-gedriwwene Superhelden Epos huet 2018 fir vill gutt Stëmmung an de Lëtzebuerger Kino's Säll gesuergt.
Als Regieassistent vum Michael "Bully" Herbig ugefaangen, ass de Félix zënter 2007 an der Film & TV Branche aktiv. Nom Superjhemp, huet hie Regie fir d'ARD Serie "Großstadtrevier", an d'RTL Actionfilmer "Balko-Teneriffa" gefouert. Hie weess also wéi dat leeft, wann op engem Filmset geballert gëtt!
Wéi een effizient schafft, seng Visioun trotz Stress an Zäitdrock duerchsetzt – a wat ee mécht wann den Haaptschauspiller sech e Messer duerch d'Hand stécht – dat verréit eis de Félix eis an dëser Episod!

Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

Episode Comments

Generate a badge

Get a badge for your website that links back to this episode

Select type & size
Open dropdown icon
share badge image

<a href="https://goodpods.com/podcasts/35m-elevator-pitch-415136/tommy-schlesser-e-liewe-fir-dschauspillerei-57728338"> <img src="https://storage.googleapis.com/goodpods-images-bucket/badges/generic-badge-1.svg" alt="listen to tommy schlesser – e liewe fir d'schauspillerei on goodpods" style="width: 225px" /> </a>

Copy