KEN BARTHELMEY – Monsters & Blockbusters
05/10/24 • 66 min
Kaum ee Lëtzebuerger schafft u sou ville risegen Hollywood Blockbuster wéi de Ken Barthelmey. Hien erschaaft Monsteren a Kreaturen fir Filmer wéi Thor, Fantastic Beasts, Godzilla, Predator, Pokémon, Maze Runner, Aquaman... a ville méi.
De Ken erkläert wéi hien et fäerdeg bruecht huet, seng Visioun ze erreechen; wisou et haut ëmmer nach wichteg ass mat Stëft op Pabeier ze schaffen; a fir wéi ee Film de Guillermo del Toro hien héchstperséinlech recommandéiert huet.
Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

Previous Episode

LUKAS GREVIS – Einfach just maachen!
De Lukas Grevis gëtt Vollgas. Déi meescht schwätze vill an téinen déck – wärend de Lukas einfach mécht. Mat 25 Joer huet hie schonn seng éischt 2 Feature Filmer an der Këscht! Dat muss ee mol fäerdeg bréngen.
Den éischte Film, "D'Land am Schiet" (am Optraach vu Respect.lu) ass eng Etude iwwert eng Gesellschaft déi sech radikaliséiert. Fir säin zweete Film, e Roadmovie, huet de Lukas mat quasi null Budget seng jonk an hyper-motivéiert Crew queesch duerch ganz Europa geleet.
Wat no baussen immens inspiréierend wierkt, huet awer säi Präis. De Lukas huet geléiert heiansdo e Gang erof ze schalten, an sech net fir seng Passioun selwer ze zerstéieren.
"D'Land am Schiet" Trailer:
https://youtu.be/gLEJ1YbuKhQ
Lukas Grevis Vimeo Channel:
https://vimeo.com/user37476509
Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture
Next Episode

GOVINDA VAN MAELE – Däi Selbstvertrauen schützen
De Govinda ass net nëmmen ee vun de Createuren vun der "Quickies" Kuerzfilm-Anthologie, hien ass virun allem den Auteur & Regisseur hannert eisem Liblings Lëtzebuerger Film : dem Bauerenduerf-Thriller "Gutland" (2017) mam Vicky Krieps.
Mir ënnerhalen eis iwwer Selbstvertrauen – déi wichtegst Qualitéit vun engem Filmemaacher, dat ee mat alle Mëttele schütze muss; a wisou et wichteg ass kleng Karriärs-Schrëtt ze maachen, fir seng Kreativitéit net duerch ze vill Geld ruinéieren ze loossen.
D'Gespréich mam Govinda ass eent op dat mir eis scho laang freeën. Hien ass ee vun den intressantsten an intelligentste Kënschtler zu Lëtzebuerg, mat deem et onméiglech ass e langweilegt Gespréich ze féieren.
Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture
If you like this episode you’ll love
Episode Comments
Generate a badge
Get a badge for your website that links back to this episode
<a href="https://goodpods.com/podcasts/35m-elevator-pitch-415136/ken-barthelmey-monsters-and-blockbusters-57728328"> <img src="https://storage.googleapis.com/goodpods-images-bucket/badges/generic-badge-1.svg" alt="listen to ken barthelmey – monsters & blockbusters on goodpods" style="width: 225px" /> </a>
Copy